02/10/2026
📸 Aus dem SecuriTec-Archiv
An 2 Deeg ass Pappendag … a mir wollten dofir haut schonn engem ganz besonnesche Papp Merci soen: dem Papp vu SecuriTec. ❤️
Eng Iddi, déi virun iwwer 16 Joer ganz kleng ugefaangen huet … Merci fir all deng Aarbecht, deng Zäit an deng Energie, déi s du an all deene Joren investéiert hues, fir SecuriTec zu deem ze maachen, wat et haut ass.
Well haut hues de 46 ganz ënnerschiddlech „Kanner“, ëm déi s du dech Dag fir Dag këmmers. 😉 Déi eng si scho grouss an Teenager, déi aner sinn nach ganz „kleng“.
Du lauschters hinnen all no, hues ëmmer en oppent Ouer an deng Dier stoung a steet ëmmer fir jiddwereen op.
Merci fir däi Vertrauen an eis. Fir alles, wat s du eis bäibruecht hues. Fir deng Gedold. A fir d’Méiglechkeet ze wuessen.
An jo, heiansdo nervt e Papp och emol 😜 mee Kanner jo och! Trotzdeem, et ass eng grouss 🎉 Freed, un denger Säit ze schaffen.
Zesummen hu mer an deene leschte Jore vill erreecht. An et wäert nach villes kommen.
Mee eppes hues de schonn haut erreecht, op dat s de wierklech stolz ka sinn: eng Firma, déi trotz allen Ups & Downs zesummenhält, zesummeschafft an zesumme weidergeet.
An dat ass vläicht däi schéinsten Erfolleg. 💙
Well SecuriTec ass méi wéi eng Firma. Et ass eng Ekipp, déi s du groussgezunn hues.
Happy Pappendag, Chef! 😉🎉